Kultur
20.000 "Entartet" Konschtwierker hunn d'Nazie geklaut
Den 19. Juli 1937, virun 80 Joer ass an den Hofgarten-Arkaden zu München eng Ausstellung mam Titel "Entartete Kunst" opgaangen. D'Nazien hate fir dës Expo 600 Konschtwierker aus däitsche Muséeë konfiskéiert a se als sougenannten "Entartete Kunst" presentéiert. Mam Begrëff "Entartet" hunn d'Nazien deemools Konschtstiler wéi Kubismus, Dadaismus oder Expressionismus diffaméiert. An där Zäit hunn d'Nazien am Ganzen eng 20.000 "Entartet" Konschtwierker aus Muséeë geklaut. Haut fënnt een dës Wierker uechtert ganz d'Welt. Mä Dausende sinn der awer bis haut verschwonnen. Detailer mam Jean Claude Majerus.