arrow_back_ios
Kultur
The Bridges Of Madison County vum Clint Eastwood
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
An der Cinemathéik lafen dëse Summer ëmmer Wiertes ëm hallwer 9 Filmer, déi eppes mat engem Duo ze dinn hunn. Opgelëscht no engem Abécédaire gëtt d'Konzept an 43 Meeschterwierker vun der siwenter Konscht op eng ganz spilleresch Manéier deklinéiert. Ee Coup de Coeur aus dësem Programm ass dës Woch "The Bridges Of Madison County", ee Libesfilm. Vum, a mam Clint Eastwood, deen hei als Filmpartnerin d'Meryl Streep huet.