arrow_back_ios
Kultur
Hip Hop Ausstellung am Bozar zu Bréissel
Am Palais des Beaux Arts zu Bréissel ass de ganze Summer iwwer eng Ausstellung iwwer d'Hip-Hop-Kultur an der belscher Haaptstad.
Hei kann ee virun allem eppes iwwer d'Geschicht vum Hip-Hop an iwwert déi véier Haapt-Disziplinne vun dëser Bewegung léieren. Dat sinn de Breakdance, de Rap, DJ-ing a Graffiti. D'Betty Gillen war d'Expo kucken.