Kultur
Lettre ouverte vum Charb zu Avignon
No der zeenescher Liesung vum Charb sengem Text "Lettre ouverte aux escrocs de l'islamophobie qui font le jeu des racistes" sinn Diskussiounen iwwer d'Meenungs- an d'Pressefräiheet am Théâtre de la Place Crillon um Festival zu Avignon programméiert .
Zwee Deeg ier hien an der Redaktioun vum Charlie Hebdo ëmbruecht ginn ass, hat de franséische Journalist an Zeechner Charb dësen Text fäerdeg geschriwwen. Vill Stied hu refuséiert, dësen Essay op d'Bühn ze bréngen, aus Sécherheetsgrënn, war d'Argument. Escher Kulturfabrik hat de Courage an de Serge Basso, Direkter vun der KUFA ass elo zu Avignon, fir un den Diskussiounsronnen deelzehuelen. E Bäitrag vum Valerija Berdi.
Musek: Grand corps malade - #JeSuisCharlie