Kultur
"Barrage", deen neie Film vun der Laura Schroeder
Deen zweete Longmetrage vun der Lëtzebuerger Cineastin Laura Schroeder, dee mat Erfolleg op der Berlinale an och um Luxembourg City Film Festival gewise gouf, kënnt elo an de Kino. De Film erzielt vun enger mysteriéiser jonker Fra, déi no laange Joren, wou se fort war, zréck bei hir Famill kënnt. D'Famill besteet aus hirer Mamm an hirer Duechter. Si versicht, fir Kontakt mat hirer Duechter opzehuelen: schwiereg, well si d'Kand deemools als Puppelchen bei hirer Mamm zréckgelooss hat. D'Mamm, respektiv Groussmamm, gëtt vun der Isabelle Huppert gespillt, der reeller Mamm vun där jonker Mamm (der mère absente), déi hirersäits vun der Lolita Chammah duergestallt gëtt. An dat jonkt Thémis Pauwels an der Roll vum klenge Meedchen léisst sech awer nu wierklech net vun deenen zwou aneren Actricen an den Eck spillen, mengt d'Cléo Thoma.