arrow_back_ios
Kultur
De Summer mat ILL am Schapp sinn
Kennt Dir de Walfer Kulturschapp? Falls net, ass dëse Summer perfekt, fir emol bis op déi Walfer Gare an de fréieren Eisebunn-Depôt laanscht luussen ze goen. Vum 15. Juli bis de 24. September gëtt nämlech do grouss zéngte Gebuertsdag gefeiert. An dofir stellt d'Walfer Equipe dem Theaterkollektiv Independent Little Lies, kuerz ILL, hire Lieu fir de ganze Summer zur Verfügung. D'Kerstin Thalau wollt vun der ILL-Dänzerin an -Danzpedagogin Angélique Arnould méi gewuer ginn.