arrow_back_ios
Blue Note
Jazzfestival Gouvy - Ufanks August
Ee vun deene groussen Jazzfestivalen am Summer an der Groussregioun ass zu Gouvy an der Belsch. An der Ferme de la Madelonne ginn zwee Deeg Jazz an een Dag Blues proposéiert. Vill Museker aus der Regioun an och international Nimm sammele sech hei fir e richtege Festival an engem summerleche Kader.
De Manuel Ribeiro presentéiert weider eng CD mat der Jazzkomponistin Iro Haarla: "Ante Lucem", eng Kompositioun fir Jazzqzuintett a Symphonieorchester.