Kultur
Zougang zum Facebook-Läschzentrum zu Berlin
De Fachjournalist fir Digitalthemen Dennis Horn ass ee vun de véier Journalisten, déi Zoutrëtt an de Facebook-Läschzentrum Berlin kritt hunn. Seng Reportagen owes an den Tagesthemen a moies am Morgenmagazin op der ARD hu fir vill Intressi gesuergt. Wat geschitt konkret am Facebook Löschzentrum Berlin? Wéisou ass et sou schwéier, iwwerhaapt do eran ze kommen, a wat kann den Dennis Horn doriwwer erzielen? D'Nathalie Bender huet mam Journalist Dennis Horn geschwat - d'Visite bei Facebook Berlin war keng grouss Revelatioun.