Aktuelles
Wéi huet Belval sech 2016 entwéckelt?
Eng 12.000 Mënsche si mëttlerweil all Dag op Esch-Belval, sief et, datt se do wunnen, schaffen oder studéieren. An de Site developpéiert sech weider. D'Entwécklungsgesellschaft AGORA, déi deels dem Staat deels ArcelorMittal gehéiert, huet de Moien (11.7.) hire Bilan 2016 presentéiert. Am Mëttelpunkt stoungen d'lescht Joer d'Ännerunge ronderëm de Square Mile oder nach d'Pläng fir de Quartier Belval-Sud auszebauen. De Frank Vansteenkiste, President vun der Entwécklungsgesellschaft AGORA mat Detailer um Mikro vum Michel Delage.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)