arrow_back_ios
Kultur
De Laf vum Liewen an der Villa Vauban
Mir kommen op d'Welt, fir iergendwann ze stierwen; dat ass de Laf vum Liewen. "Le cours de la vie" ass den Titel vun der aktueller Ausstellung vun der Villa Vauban: an aacht Kapitelen an 80 Tableauen a Skulpturen erlieft de Visiteur, wéi Kënschtler vum 17. bis 20. Joerhonnert hir Zäitgenossen a verschiddene Liewensetappen erlieft hunn. An zwar ALL Visiteur. Nodeems d'Stad de Motto "une ville pour tous" gewielt hat, versicht d'Villa sech elo als "un musée pour tous". Explikatioune vum Kerstin Thalau.