Konferenzen
D'Arbedsgebai ...
D'Konferenz proposéiert e virtuellen Tour duerch dëse prestigiéise Bau, dee vum franséischen Architekt René Théry fir déi industriell Gesellschaft ARBED entwéckelt an 1922 ageweit gouf. De Bau ass d'Symbol vun der Lëtzebuerger Ekonomie, déi op der attraktiver Geschicht vun der Siderurgie baséiert. Dem Gebai seng Architektur sicht d'Balance tëscht Traditioun a Modernismus a reflektéiert d'Positioun vun der Entreprise um internationale Maart. Et ass dofir keen Zoufall, datt d'Gebai do opgeriicht gouf, wou d'Spuerkeess an de Crédit Foncier schonn 1909 gebaut haten.
E Virtrag vun der Antoinette Lorang, Dr. an der Konschtgeschicht, fir den 100,7 verschafft vum Carlo Link.
PDF-Link mat Foto-Material zu der Konferenz, Broschür vun der Renovatioun, 19 Liberté - Jim Clemes, mat ë. a. historesche Fotoen: http://www.jimclemes.com/files/71501.pdf
Antoinette Lorang © C. Link