Konferenzen
De Pont Adolphe - ee Steen am Nationalarchiv
D'Recherche iwwert d'Geschicht vum Pont Adolphe kann een op eng gewëss Manéier mam eigentleche Bau vun dëser Bréck vergläichen, béid sinn zimlech ambitiéis, mä eréischt lues a lues setze sech hir eenzel Puzzelstécker respektiv Steng zu engem grousse Ganzen zesummen. D'Wierke vum Historiker ass eng Fläiss- an Detektivaarbecht, déi et erlaabt, no an no Brécken ze schloen tëschent den eenzelen Archiv-Fongen, déi am Nationalarchiv, awer net nëmmen do, conservéiert sinn. Ëmmer erëm stéisst een op Dokumenter, déi nei Indicë liwweren, onerwaarte Froen opwerfen oder d'Acquisen an en anert Liicht récken.
E Virtrag vun der Dr. Corinne Schroeder, Conservatrice an der zäitgenëssescher Sektioun vun den Nationalarchiven. Fir den 100,7 verschafft vum Carlo Link.
Corinne Schroeder © C. Link