Konferenzen
L'architecte-paysagiste Édouard André (1840-1911) ...
Den Édouard André, franséischen Architekt-Paysagist, Botaniker-Entdecker, Publizist an Theoretiker, deen zu senger Zäit bewonnert gouf, ass gréisstendeels a Frankräich an de Vergiess geroden. Dëst gëllt och fir Lëtzebuerg, obwuel et hie war, dee während 30 Joer Parken, Promenaden an ëffentlech Plaze bei eis am Land nei amenagéiert hat. Esou an der Stad Lëtzebuerg mat der spektakulärer Transformatioun vun de Festungsanlagen a Parken, oder d'Promenaden am Péitruss-Dall an op den Dräi Eechelen. Aner Amenagementer am Land ginn och op hien zréck: d'Parke vun de Schlesser, op der Kockelscheier, zu Bouferdeng an zu Mäertert. D'Konferenz déngt ë. a. dozou, dem Édouard André seng Wierker zréck an de Kontext vum ästheteschen Debat vun deemools, ronderëm de "nouveau style composite" ze setzen, vun deem hien ee fervente Protagonist war.
E Virtrag vum Marc Schoellen, Geschichtsprofesser an diploméiert an historescher Gaart-Architektur, fir den 100,7 verschafft vum Carlo Link.
Linken zu Artikele vum Marc Schoellen an der Kuturzäitschrëft Ons Stad:
- Edouard André, architecte-paysagiste, 1840-1911 http://onsstad.vdl.lu/uploads/media/ons_stad_58-1998_5-7.pdf
- Le parc et les promenades de la ville de Luxembourg http://onsstad.vdl.lu/uploads/media/ons_stad_58-1998_2-4.pdf
Marc Schoellen © C. Link