arrow_back_ios
Kultur
Konschtausstellung Triennale Jeune Création
Vum 30. Juni bis de 27. Juli ass an de Rotonden an am Cercle déi véiert "Triennale Jeune Création" vu Lëtzebuerg an der Grande Region. Hei stellen insgesamt 25 Kënschtler hir Installatiounen, Fotoen a Konschtobjeten zum Thema Jet-Lag, Out of Sync vir. De Chris Zeien huet am Virfeld mat den Organisateure a mat e puer Kënschtler geschwat an ass gewuer ginn, wat et iwwerhaapt mam Thema op sech huet, a wéi déi eenzel Kënschtler d'Thema interpretéiert hunn.