Kultur
"Les métamorphoses", Open Air Theater um Belval
Spektakulären Open-Air-Theater steet Muer an Iwwermuer (7. an 8.7.) um Parking vis-à-vis vun der Maison du Savoir um Belval op der Affiche. An zwar "Les métamorphoses" op Basis vum Ovid sengem Wierk. Et ass eng Koproduktioun vum Escher Theater an dem Nationaltheater Radu Stanca vu Sibiu a Rumänien. E Stéck, dat virun zéng Joer an enger Mise en scène vum Silviu Purcarete am Kader vu Lëtzebuerg, Europäesch Kulturhaaptstad entstanen ass. Domat steet dës Produktioun och fir den nohaltege Charakter, deen d'Europäesch Kulturhaaptstad sollt hunn. De Jean Claude Majerus informéiert.