Kultur
"Une liaison pornographique" zu Avignon
De renomméierten Theaterfestival vun Avignon ass am gaangen. An haut (7.7.) huet d'Théâtre du Centaure-Produktioun, déi vun der Theaterfederatioun fir den OFF-Festival vun Avignon ausgesicht gouf, Première. D'Nicole Dogué an de Francesco Mormino weisen zu Avignon dem belschen Dramatiker Philippe Blasband säi Stéck "Une liaison pronographique" an enger Mise en scène vum Marja Leena Junker. Si spille vun haut un all Dag um hallwer eng mëttes am Théâtre Notre Dame an der Villes des Papes. De Jean Claude Majerus proposéiert Detailer.