Kultur
Wunnen, wou den Jesse Owens deemools gewonnen hat
Iwwer 80 Joer nodeems den amerikanesche Liichtathlet Jesse Owens véier Goldmedailen do gewonnen hat, gëtt dat, wat vum Olympeschen Duerf vun 1936 nach iwwereg ass, sanéiert. Deemools haten d'Nazien déi Olympesch Spiller ausgeriicht. Ënner anerem déi amerikanesch Delegatioun war sech laang Zäit net sécher, ob se iwwerhaapt drun deelhuele sollt. Och den Afroamerikaner Jesse Owens war gefrot ginn, d'Spiller ze blockéieren. Um Enn war hien awer op Berlin mat gaangen, an huet do dee beschte Beweis dofir geliwwert, datt den Nazien hir Theorie vun der supposéierter Superioritéit vun der wäisser "Rass" Bullshit war. A genee do sollen elo nei Wunnengen entstoen. Eng gutt Solutioun fir en Terrain, deen dach eng gréisser historesch Bedeitung huet. Explikatioune vum Cléo Thoma.