Kultur
Mary Reid Kelley am Mudam
Den Numm Mary Reid Kelley war bis ewell an Europa éischter onbekannt. Dohannert verstoppt sech déi amerikanesch Kënschtlerkoppel Mary a Patrick Kelley. A schwaarzwäissen experimentellen a selwer produzéierten Animatiounsfilmer thematiséieren déi Zwee Genderfroen, sozial Kategorien, urban Entwécklungen an der Geschicht vun der Mënschheet. No Däitschland an der Belsch ass Lëtzebuerg hir drëtt Statioun an Europa. D'Kerstin Thalau war d'Mary Reid Kelley Ausstellung an de Mudam kucken.