Kultur
Howard's End: ëmmer nach en enorme Plëséier
Fir de 25. Gebuertsdag vu senger éischter Parutioun am Kino huet d'Cohen Media Group, déi di gesamt Merchant-Ivory-Filmer opkaaft huet, sech eng opulent Restauréierung vun "Howard's End" geleescht. De Film, dee sengerzäit dräi Oscaren, an nach eng Hickecht aner Präisser agesäckelt hat, ass d'lescht Joer a senger neier Pruecht bei Cannes Classics gewise ginn an huet dann elo schliisslech och nees de Wee op Lëtzebuerg an de Kino fonnt.
D'Cléo Thoma war, ee Véierelsjoerhonnert nodeems et "Howard's End" fir t'éischt am Kino gesinn hat, nees eng Kéier begeeschtert.