Blue Note
De Michel Reis a seng Quartetter
Eng vun de leedende Figure vum Jazz aus Lëtzebuerg ass ouni Zweiwel de Michel Reis. E gutt gefëllten Agenda, kontinuéierlech nei Album-Produktiounen a verschiddene Formatiounen an eng onënnerbrache Suite vu gudde Rezensioune schwätze fir sech. Nieft dem Trio Reis-Demuth-Wiltgen kann ee soen, datt de Quartett dem Michel seng Lieblingsformatioun ass. An deem Format spillt hie gläich mat dräi verschiddene Besetzungen: all kéiers mat däitschen, franséischen a méi rezent och japanesche Museker. Am Interview mam Pit Dahm a Pol Belardi erkläert de Michel seng Demarche a stellt déi verschidde Formatioune vir. Ausserdeem komme seng japanesch Museker zu Wuert.