Konferenzen
FORUM Z - The future of storytelling in history
De Forum Z ass eng Serie vun Diskussiounsronnen, déi den Institut fir Zäitgeschicht (Contemporary and Digital History - C2 DH) vun der Uni Lëtzebuerg organiséiert. Historiker, Vertrieder vu Muséeën an Archiven, Experten, Professeren an Enseignanten diskutéieren oppen a kritesch iwwer déi rezent lëtzebuergesch an europäesch Geschicht. Zil ass et, fir aktuell Themen an hiren zäitgeméisse Kontext ze setzen an déi historesch Recherche mat neien Approchen a Methoden ze fërderen.
Eng Opnam vum Carlo Link, fir den 100,7 verschafft vum Claude Mangen.