Kultur
Festival Lëtz'Arles
Vum 3. Juli bis de 24. September ass Lëtzebuerg fir déi éischte Kéier um renomméierte Fotofestival zu Arles mat dobäi. Ënnert den 250 Kënschtler, déi hir Wierker ausstellen, presentéiere 26 Kënschtler aus dem Grand-Duché ënnert dem Motto "Flux Feelings" hir Aarbecht an der "Chapelle de la Charité". Ënnert den nationale Kënschtler sinn den Armand Quetsch an den Daniel Wagener mat vun der Partie. D'Zil vum Fotofestival wier et, fir e grousse Rendez-vous vun der Fotozeen z'organiséieren, bei där Lëtzebuerg d'Méiglechkeet huet, seng Fotozeen och international publique ze maachen. De Partenariat tëscht Lëtzebuerg an der Rencontres d'Arles ass op dräi Joer ugeluecht. Déi Lëtzebuerger Participatioun um Festival läit bei 250.000 Euro, de Kulturministère iwwerhëlt 45 Prozent.