arrow_back_ios
Kultur
Héichuewefest um Belval mat DKollektiv-Cubilot
Den 1. an 2. Juli 2017 ass um Belval grousst Héichuewefest. Um Programm sti Concerten, Danzperformancen, Video- a Luuchtprojektiounen, awer och Héichuewe-Visitten, wëssenschaftlech Atelieren a Museks-Workshopen. Eng besonnesch Aktioun plangen d'Membere vum Diddelenger Kënschtlergrupp "D Kollektiv". D'Kerstin Thalau war fir d'Preparatiounen dovunner an eng Géisserei op Kayl.