Kultur
Archéologie urbaine: déi nei permanent Ausstellung am MNHA
En Deel vum Grafsteen vum Claude de Neufchâtel, een exzeptionell erhalenen Ensembel vun Dëschgeschir aus Holz, subtil Glas-Objeten, Bijouen, Poterien, Plättercher vum Aulebäcker ... déi ronn 300 Objeten, déi d'Ausstellung "Archéologie urbaine" am Nationalmusée ausmaachen, sinn exklusiv um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg fonnt ginn. Mat dëser neier permanenter Expo schléisst de Musée d'Renovatiounsaarbechte vun der sougenannter "Aile Wiltheim" of. E museologescht Konzept verbënnt déi dräi al Haiser mat Haaptdeel vum MNHA. "Archéologie urbaine" ass, passend bei de Sujet an optesch spektakulär, an de Kellere vun deenen dräi Haiser ënnerbruecht.
Weider Explikatioune vum Cléo Thoma.