Kultur
"Followen" als Konschtform am Generator
Sinn Iech zejoert déi 35 liewensgrouss onschaarf Silhouetten, also Printen, queesch duerch d'Stad opgefall, déi de Kënschtler Paolo Cirio op d'Fassade gepecht hat? Den Italiener hat se "Street Ghosts" gedeeft, Geeschter aus der virtueller Welt, vergréissert Google-Street-View-Passanten. Den international Kunstverein Luxembourg hat de Cirio fir seng éischt grouss Aktioun am ëffentleche Raum invitéiert. Lo hat den IKL en 2. Coup ënnert dem Titel "Follower" lancéiert. D'Maxi Pesch aus der Redaktioun an der Generator-Equipe hat sech gemellt, fir matzemaachen. An d'Kerstin Thalau wollt gewuer ginn, wéi et war.