Radioen

On air

Notturno  |  Luke Temple - Don't Call Me Windy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Nationales & Earthgrave

Nationales & Earthgrave

Nationalfeierdag

Am Metal Meltdown geet et haut ganz am Sënn vun Nationalfeierdag just ëm lokal Bands. Deemno geet et och am Review ëm eng Band, déi zwar net per se Lëtzebuergesch ass, déi awer e Lëtzebuerger Frontmann huet, nämlech Earthgrave vun Tréier.

Album vun der Woch: Earthgrave - The Verge Of Human Abyss (7/10)

Een déckt Joer ass et eréischt hier, datt Earthgrave vun Tréier hir Debut-EP "Deathcold" erausbruecht hunn, elo ass well den éischten Album do. Den 10. Juni gouf et am Exhaus well d'Release Party an do konnt een den Album "The Verge Of Human Abyss" och kafen, mä offiziell kënnt en de 7. Juli eraus.

An op deem Album maachen Earthgrave do virun, wou si mat "Deathcold" opgehalen hunn, an hunn dat esouguer nach bësse perfektionéiert. Wéi och op der EP kann een d'Musek vun Earthgrave als grooveg Mëschung aus béisem Sludge an Hardcore bezeechnen, aus deem Aflëss vun ënnert anerem Crowbar ze héiere sinn, ouni datt et plagiativ kléngt. Dobäi schafen déi dräi Männer vun Tréier a Lëtzebuerg awer och Atmosphär, déi ënnert d'Haut geet, wéi z. B. direkt am Opener Transcendence.



Mä net nëmme Sample gi benotzt, déi fir dës Atmosphär suergen. E gudden Deel dovunner erreecht den Trio och duerch Elementer, déi méi aus dem Doom kommen an déi ganz Saach schéi schwéier wierke loossen.

Fir datt et net ze lues an net ze langweileg gëtt, suergen d'Museker während den aacht Stécker mat Tempowiessele fir genuch Dynamik an duerch interessant Melodien an agängege Passagen op der Gittar, z. B. am Stéck "A Dismal Nightmare".

"The Verge Of Human Abyss" ass deemno eng ofwiesslungsräich doomeg Sludgecore Scheif, déi op Headbangen aluet. Den Album kritt een, wéi gesot, vum 7. Juli un, an dat via WOOAAARGH a Black Omega Recordings. Fir Sammler gëtt et iwwregens och eng streng limitéiert Editioun op Kassett. An hei sinn Earthgrave mat der éischter Single vum Album, hei ass Trapped Existence.

Presentéiert vum David Wagener.

Playlist

ExInferis - Stabbed By The Cross (Defunctus In Heresi; Independant; 2004)
Cosmogon - Angry Tank (Chaos Magnum; Noiseworks; 2014)
Abstract Rapture - The Cancer In Your Soul (Single; Independant; 2016)
Desdemonia - Dare To Fail (Existence; Independant; 2010)
Scarred - Cinder (Gaia - Medea; Klonosphere; 2013)
Everwaiting Serenade - Masquerade (Single; Independant; 2017)
Earthgrave - Trapped Existence (Verge Of Human Abyss; WOOAAARGH / Black Omega Recordings; 2017)
Lost in Pain - Greed (Plague Inc.; Noiseworks; 2015)
Mindpatrol - A Marble Throne (The Marble Fall; Independant; 2015)
Feradur - A Gift From Malevolent Gods (Epimetheus; Independant; 2015)
Sleepers' Guilt' - Two Words (Kilesa; Independant; 2016)
Earthgrave - A Dismal Night (Verge Of Human Abyss; WOOAAARGH / Black Omega Recordings; 2017)

Episoden