Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Mam Debutalbum beim Kultlabel Nuclear Blast

Mam Debutalbum beim Kultlabel Nuclear Blast

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Forever Still

Forever Still heescht déi Band, déi ech iech haut presentéieren, oder besser gesot, déi ech haut am Inerview hunn. Forever Still sinn eng jonk dänesch alternative metal Band, déi réischt een Album dobaussen hunn, ma mat deem si direkt bei Nuclear Blast gesigned goufen. Si ware virun e puer Woche mat Children of Bodom am Atelier an do hunn ech mat der Frontfra Maja en Interviwe gemaach.

Release vun der Woch: God Dethroned - The World Ablaze (8/10)



Vill Fans dierften 2012 enttäuscht gewiescht sinn, wéi déi hollännesch Death Metal Legende vu God Dethroned e Schlussstréch ënnert hir Carrière wollten zéie a mat Under The Sign Of The Cross hire viraussiichtlech leschten Album erausbruecht hunn. Ma net allzelaang huet et gedauert, bis de Frontmann Henri Sattler d'Loscht op e Liewen ouni Musek nees vergaangen ass a seng Bandkollegen nees zesummegetrommelt huet fir 2014 nees den een oder anere Gig ze spillen. Et sollt awer bis Enn 2016 daueren, bis d'Band ugekënnegt huet, dass och e weideren Album soll erauskommen. A mat A World Ablaze, deen elo déi nächst Woch e Freideg bei Metal Blade erauskomm, hu si genee déi Ukënnegug agehal.

The World Ablaze fänkt geee do un, wou de Virgänger opgehalen huet, esouwuel stilistesch wéi och thematesch. Et ass nämlech den drëtten Deel vun enger Trilogie iwwert den éischte Weltkrich, dee God Dethroned mat den zwee vireschten Albumen ugefaangen huet. A genee wéi och op Under The Sign Of The Cross fënnt een op The World Ablaze rau Aggressivitéit gemixt mat emotionale Leads, wonnerbar atmosphäreschen Harmonien an immens catchy Hooks, déi direkt nom éischte Lauschteren am Kapp bleiwen.

Den Ufank vum Album mécht A Call To Arms, e luesen Intro mat enger gäiler Atmosphär an enger bewegender Melodie, déi direkt hänke bleift an awer zimlech séier duerch e Kanouneschoss ënenrbrach gëtt, fir dann an den éischte richtegen Track Annihilation Crusade iwwerzegoen, en Track mat gallopéierende Riffer à la god Dethroned, räissender Atmosphär a brutalem awer präzisem Drumming.



Am Titeltrack geschitt genee dat selwecht, just dass dësen nach e Krack méi melodiéis ass. Dës melodesch harmoniéis Linnen an déi wonnerbar Atmosphär sinn och präsent an de Stécker wéi On The Wrong Side Of The Wire oder dem méi doomegen The 11th Hour, währenddeem d'Brutalitéit an d'Massivitéit an de méi gëftegen Tracks wéi Close To Victory, Messina Rage oder Breathing Through Blood ervirstécht.

Nieft der brutaler Aggressivitéit oder de méi luese melodiéise Passagen gëtt et awer och mol méi doomeg, düster an intensiv Momenter; sou z. B. an de Stécker Königsberg oder Escape Acros The Ice, e groovegt Stéck, an deem d'Geschicht vun der wäisser Arméi erzielt gëtt, déi sech während dem Biergerkrich am kommunistesche a Russland géint d'bolschevistesch Partei gewiert hunn.

E weidere positiven Aspekt ass mat Sécherheet d'Produktioun, ëm déi sech den Dan Swanö gekëmmert huet. A säi Resumé vum Album trëfft et op de Punkt: Den Album ass eng groussaarteg Kombinatioun aus verschiddenen Tempoen a Stiler, ausgefouert mat brutaler Perfektioun, catchy Chorussen a memorable melodeschen Hooks.

Playlist

Entombed - Left Hand Path

Dying Fetus - Fixated On Devestation

Forever Still - Break The Glass

Diabulus in Musica - Lies In Your Eyes

Alestorm - Alestorm

Below - Disappearing Into Nothing

God Dethroned - Annihilation Crusade

Cut Up - Behead The Dead

Airbourne - It's All For Rock N' Roll

Episoden