Kultur
Librairie Alinéa - à la ligne!
Mat Crémant a vill Lecture hunn déi bekanntste Gesiichter aus der Lëtzebuerger Literaturzeen sech fir d'Erhale vun der Librairie Alinéa an der Stater Beaumont-Gaass agesat. No der Annonce vum geplangten Zoumaache vun der Librairie ass net just d'Fro vum Geschäftsliewen, mä och der Bedeitung vun enger Librairie an d'Schlagzeile geroden. De Libraire Edmond Donnersbach huet no de sëllechen Solidaritéisbekënnegungen decidéiert weiderzemaachen, eventuell an enger neier Form ... D'Valerija Berdi informéiert.