Konferenzen
Gast Mannes: "Der Abschied des Hofbibliothekars"
De Gast Mannes huet néng literaresch, ënnerschiddlech konzipéiert Essaie geschriwwen, an deenen d'Verhältnis vu bekannten a bedeitenden Haff-Bibliothecairen zu de Monarchen a Prënzen, déi regéieren, erzielt gëtt. Rieds geet vum Leibniz, Kant, Lessing, Wilhelm Heinse, Hölderlin, de Bridder Grimm, Grillparzer, Hoffmann von Fallersleben an engem Bibliothecaire um Haff vu Lëtzebuerg.
Am Gespréich mam Claude D. Conter, Direkter vum Nationale Literaturzenter zu Miersch, mat Extraite gelies vum Steve Karier, gouf dat neit Buch vum Auteur Gast Mannes, dee selwer Bibliothecaire um Schlass Bierg war, virgestallt.
Opgeholl de 27. Abrëll, verschafft vum Carlo Link.
v.l.n.r. Steve Karier, Gast Mannes, Claude D. Conter