Konferenzen
Paul Eyschen, le recordman oublié de la politique luxembourgeoise
De Staats- an Ausseminister Paul Eyschen (1841-1915), hat méi wéi 40 Joer laang d'politescht Liewen am Land gepräägt. Dofir ass et erstaunlech, datt keen Historiker sech grëndlech mat der Karriär vu dësem liberalen Etatist befaasst huet. De Politiker gouf mat 25 Joer Deputéierten an hält nach ëmmer de Rekord als Premier-Minister vu 27 Joer, bis zu sengem Doud den 12. Oktober 1915. Den Historiker Denis Scuto befaasst sech a sengem Virtrag mat enger Rei Aspekter vum Paul Eyschen sengem politesche Wierk a senge Regierungen, esouwuel an der Ausse- wéi an der Innepolitik.
Enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.
Denis Scuto © C. Link