Konferenzen
Putsch '46
55 min
Am August 1946 ginn déi wichtegst Membere vun enger Resistenzorganisatioun verhaft an ugeklot: "Attentat und Komplott gegen die Staatsform, innere Gefährdung der Staatssicherheit". Kléngt no Gestapo-Manéier, eng Zäit, déi jo awer eriwwer si sollt. Ass awer net. Op d'mannst net "direkt". Ass d'lëtzebuergesch Regierung a Gefor, well e puer "Männercher" Chef amplaz vum Chef wëlle ginn? Oder intrigéiert d'Regierung selwer, well hir London-Aktivitéiten an hire Passivismus riskéieren, hinnen ëm d'Oueren ze fléien? Fest steet: Resistenzler kommen an e Lëtzebuerger Prisong!
Eng Konferenz vum Historiker a radio 100,7 Mataarbechter Roger Seimetz, den 15. November 2016 an der Gemeng Kayl. Enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.