Kultur
El compañero Luis Sepúlveda
"Déi éischt Konditioun fir kënnen ze schreiwen, ass emol ze liewen. An déi zweet ass, en intensiivt Liewen ze féieren. En intensiivt Liewe géif een natierlech an déi schlëmmste Situatioune bréngen, mee dovun ernährt ee sech um Schluss." Dat sot de Luis Sepúlveda an der Debatte "face au monde- la responsabilité de l'écrivain" um Literaturfestival zu Saint-Malo an der Bretagne. Datt säi Liewe bis elo intensiv war, ass dat Mannst, wat ee ka soen.
Als jonke Sozialist huet de Luis Sepúlveda op de chilenesche President Allende opgepasst. Amnesty International huet sech fir säin Exil ënner der Diktatur vum Pinochet agesat. Mee de Luis Sepúlveda huet sech léiwer de Sandinisten am Nicaragua ugeschloss, wéi seng Rou a Schweden ze fannen. Um Festival "Etonnants Voyageurs" zu Saint-Malo huet sech d'Valerija Berdi mam chilenesche Schrëftsteller, Friddens- an Ëmweltkämpfer ënnerhalen.
Lauschtert dat integraalt Gespréich hei
Interview Luis Sepúlveda
D'Emissioun wéi se diffuséiert gouf