Kultur
Ein Zimmer im Hotel - den David Wagner zu Lëtzebuerg
Et war eng Lies- an Entdeckungsrees op déi den Journalist Jochen Zenthöfer die zwee däitsch Auteuren Jan brandt an David Wagner leschte Mount op Lëtzebuerg invitéiert hat.Den David Wagner war mat dem Gescheck bannent engem Mount direkt zweemol zu Lëtzebuerg. Nodeems hien am CNL zesumme mam Georges Hausemer die literaresch Themen Rees a Krankheet thematiséiert hat huet den David Wagner fir dës Duebelliesung mam Jan Brandt an der Cité Bibliothéik aus sengem rezente Buch "Ein ZImmer im Hotel" gelies - e Wierk an deem eng sëllechen literaresch Miniaturen dem Lieser dem David Wagner säin präzise Bléck op seng Ëmwelt a säi Verméigen déi Präzisioun a Sprooch ëmzesetzen weisen. Am gespréich am Studio vum radio 100,7 huet den David Wagner och iwwer säin Staunen vis-à-vis vun der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an den Ënnerscheed zwëschen Hotelzëmmeren an denen e Bic an denen wou e Bläistëft prett läit philosophéiert.