arrow_back_ios
Aktuelles
Wou brauch een am Frankräich eng Ëmweltvignette am Auto?
Zënter dem leschte Joer gëllen a Frankräich nei Ëmweltzonen. Wien do mat sengem Auto erafiert, dee brauch déi sougenannten Ëmweltplackett "Crit'Air". Bis ewell goufen Ëmweltzonen zu Paräis, Lyon a ronderëm Grenoble agefouert. Geplangt, fir den Hierscht vun dësem Joer, sinn ähnlech Zone fir Lille a Stroossbuerg. De Raoul Roos, Mataarbechter vum Lëtzebuerger Automobilclub erkläert um Mikro vum Gilles Wunsch, wat déi Ëmweltvignette ass.