arrow_back_ios
Kultur
Nei Summer-Expoen am Mudam
D'Mudam-Summerausstellunge ginn nei Weeër: d'Expo "Hard to Picture" presentéiert net dem Ad Reinhardt seng bekannt minimalistesch Tableauen, mä säin illustratorescht Wierk, plus sechs Reinhardt-Homagë vun zäitgenëssesche Kënschtler. An hannert dem Titel "Psychic" verstoppe sech Videoen an Tableaue vum Berliner Moler a Museker Martin Eder, op deene sech Kitsch, Erotik a mythologesch Figure kräizen. D'Kerstin Thalau mat Impressiounen.