Kultur
Recto-Verso: e Labyrinth mat Wuertspillereien
Den Hecke-Labyrinth am Parc Central nieft der Coque ass ee charmanten Eck. Schued just, datt kaum ee Mënsch dat weess, an dowéinst och net vill dovu profitéiert gëtt. Fir ëm méi Opmierksamkeet ze ginn, hat de Fonds Kirchberg 2016 dem kanadesche Kënschtler Michel de Bruin seng monumental a begehbar giel Stol-Skulptur "Dendrite" do installéiere gelooss. Zousätzlech organiséiere si zesumme mam Casino Lëtzebuerg elo all zwee Joer eng weider Expo am Labyrinth: de Projet 1+1. Fir déi éischt Editioun gouf, no enger Consultation d'artistes, den Duo Wennig&Daubach ausgewielt, fir dëst Stéck ëffentleche Raum ze bespillen. Wat se mat "Recto-Verso", an allerlee (Wuert)-Witz och maachen.
Cléo Thoma informéiert.