arrow_back_ios
Kultur
Rar Opname vum Dizzy
Am Kader vun hirem Zyklus "Cinéma & Jazz" dediéiert d'Cinémathéik dem Trompettist Dizzy Gillespie den 21. Juni een Owend mat rare Film-Opnamen, déi de Museker an Aktioun weisen. Dat Ganzt kommentéiert vum Louis Schiavo: engem Jazz-Enthusiast, dee seng Sammlung mat seelene Film-Dokumenter iwwer Jazz-Museker der Cinémathéik geschenkt huet, an deen den Dizzy, grad wéi nach eng Rei aner Museksgréissten, selwer kannt huet. Explikatioune vum Cléo Thoma.