arrow_back_ios
Kultur
"La Forge d'une société moderne" am CNA
2007 sinn am Archiv vum Lycée technique Emile Metz zu Dummeldeng 2400 Fotoglasplacken erëm entdeckt ginn. D'Amicale vun den anciens élèves huet decidéiert, dës Sammlung vun Negativer a Positiver dem Centre national de l'audiovisuel an der Uni Lëtzebuerg zu Fuerschungszwecker zur Verfügung ze stellen. Et war e laange Wee, mä elo presentéieren Uni an CNA éischt Conclusiounen zu den Opnamen an enger Ausstellung zu Diddeleng. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen.