Kultur
documenta 2017: en Tëschebilan vun Athen
Den 8. Abrëll ass d'documenta 14, also déi 14. Editioun vun enger vun de weltwäit wichtegsten Ausstellunge fir zäitgenëssesch Konscht, opgaangen. Am Abrëll? War dat net elo grad eréischt? Effektiv: d'documenta zu Kassel hat den 10. Juni Vernissage, mä déi Kéier ass Athen als zweete Standuert mat dobäi. Den artisteschen Direkter Adam Szymczyk wollt e Perspektivewiessel an eng Transformatioun fir d'documenta. Ass d'Rechnung opgaangen? D'100,7 Griicheland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis mat engem Tëschebilan.