Blue Note
Summerjazz
All Summer ass ëmmer erëm eng ganz Karawann vun Jazzmuseker tëscht den europäeschen Jazzfestivaler ënnerwee. Zu Lëtzebuerg gëtt et nach ëmmer kee Summerjazzfestival, mir fänken just e puer vun de groussen Nimm op, fir e puer isoléiert Concerten hei am Land. De Jitz Jeitz kuckt, wien eng Etapp hei am Land mécht a beliicht eng vun de Gruppen, déi op all de groussen Jazzfestivaler programméiert ass: "Woman to woman", eng Band mat nëmme weiblechen Jazzmusekerinnen, dorënner och zwou Kanadierinnen, d'Trompettistin Ingrid Jensen an d'Pianistin Renée Rosnes.