Kultur
Geschicht(en)erzielen am digitalen Zäitalter
Geschichten ginn erzielt, zënter et Sprooch, also Mënsche gëtt.
Laang Joerhonnerte mëndlech iwwerliwwert, spéider opgeschriwwen an iwwersat an doduerch och ëmmer weiderentwéckelt, souguer zum Deel oder ganz verännert: Geschichten a Geschicht sinn an engem permanente Wandel, net nëmme wat hiren Inhalt, mä och wat d'Manéier, wéi se erzielt ginn, ugeet.
Vun der Geschicht, fir datt d'Kanner owes gutt aschlofe kënnen, iwwer d'Spiichten, déi sech an der Uucht gezielt goufen, déi grouss Erzieltraditioune wéi de Schattentheater an Indonesien, Hörspiller, Märercher, Legenden, Soen, bis bei Erzielforme wéi Literatur, Poesie, oder souguer Comics, respektiv Graphic Novels: ëmmer gouf et nees nei, dem aktuellen Zäitgeescht ugepasste Formen, wéi Geschicht a Geschichten erzielt ginn - an elo si mir an der Ära vum digitale Geschichtenerzielen ukomm. Iwwer Digital Storytelling e Beispill mam Nathalie Bender.