arrow_back_ios
Kultur
De "Museum of vanities" am ikob
2017 steet am ikob, dem Musée fir zäitgenösseg Konscht am belschen Eupen, ganz am Zeeche vum Thema "Ressentimenter". Bis Enn August presentéieren zwee Lëtzebuerger Kënschtler, de Jerry Frantz an d'Sali Muller, Aarbechten, déi sech mat Begrëffer wéi Terrorismus, Nationalismus, Egozentrismus a Finitude ausenanersetzen. An zwar an enger Aart Konfrontatioun. D'Kerstin Thalau wollt vum ikob-Direkter Frank-Thorsten Moll, och Curateur vun der Expo, méi iwwert säi Choix gewuer ginn.