arrow_back_ios
Kultur
Wann Déieren een iwwert den Duuscht gedronk hunn
Wéi kritt een eng Klass voller duerchgeknallter Teenager roueg gestallt? Ee vum Kerstin Thalau senge fréiere Bio- a Geo's-Proffen huet sech an esou enger Situatioun fir eng Video-Projektioun décidéiert. Allerdéngs hat de Film iwwert alkoholiséiert Déieren absolut net den erwënschten Effet. Méiglecherweis och, well deemools nach keng rationell Nobespriechung vum Documentaire méiglech war. Haut ginn et allerdéngs nei Erkenntnisser zum Thema.