Kultur
´Je ne fais pas du féminisme pour le plaisir d'en faire´
´Je ne fais pas du féminisme pour le plaisir d'en faire´ d'Presidentin vun der Union Internationale des avocats - die éischt Fra iwwerhaapt an 90 Joer! -Laurence Bory war ganz kloer. Dës Ausso huet sie an der Pressekonferenz just virum Colloque "Statut de la femme et l'état de droit" gemaach. Dëse Colloque gouf vum Lëtzebuerger Nationalcomité vun der ONG Union internationale des avocats organiséiert, an huet mat sech bruecht dass der jemenitescher Cineastin Khadija Al-Salami hiere Semidocumentaire "Moi Nojoom, 10 ans, divorcée" den Owend virdrun an der Cinémathéik virun ausverkaaftem Sall gewise gouf. Am Laf vum Colloque am Cercle op der Plëss huet e majoritär weiblechen Panel vu SpezialistInnen iwwer verschidde juristesch Punkte referéiert, et bloufen awer um Enn awer nach Froen op.