Kultur
/ R. W. Fassbinder: Viru 35 Joer stierft den "Enfant terrible" vum däitsche Film
R. W. Fassbinder: Viru 35 Joer stierft den "Enfant terrible" vum däitsche Film
Wann e Mënsch fréi stierft, gëtt ëmmer nees gesot, firwat muss grad deen esou fréi goen. Dat geschitt am private Liewen, dat geschitt awer och bei bekannte Kënschtler, dat gouf zum Beispill gesot wou den Acteur James Dean, 24 Joer jonk, gestuerwen ass, oder beim Doud vum Marilyn Monroe, 36 Joer, beim Doud vum amerikaneschen Acteur Heath Ledger, 29 Joer. An dat selwecht hu se sécher och den 10 Juni 1982, haut virun 35 Joer, gesot wou d'Nouvelle vum Doud vum däitsche Cinéast Rainer Werner Fassbinder am Alter vun nëmme 37 Joer koum. De Fassbinder, dee vill Leit bis haut fir dee bedeitendste Realisateur vun däitscher Nokrichgeschicht halen.