Kultur
Vanessa Kayo: "Feignasse hyperactive"
Wat geschitt wann aus enger Enseignante, si war Franséisch-Proff eng Comedian gëtt. Abee datt kënnt der moar den Owend am Comédie-Club "Showtime" zu Esch/Uelzecht mat der Vanessa Kayo erliewen. D'franséisch Actrice an Humoristin ass mat hirem One-Woman-Programm "Feignasse hyperactive" an der Minettsmetropol op Besuch. Virun 2 Joer huet d'Vanessa KAyo hiren Beruf als Enseignante un de berühmte Nol gehaangen. Se huet déi Duebel-Belaaschtung, Moies d'Schoul an Owes d'Bühn kierperlech och net méi gepackt. Mä de Choix war séier geholl, an zanter steet probéiert se Erwuessener ze, nee, net ze erzéien mä un d'Laachen ze bréngen.