Blue Note
Festival Like a Jazz Machine
Och dëst Joer war d'Programmatioun op der 6. Editioun vum Festival Like a Jazz Machine an der Forge du Sud wéi gewinnt qualitativ enorm héichwäerteg. De Pit Dahm an de Pol Belardi waren um Terrain ënnerwee an hu sech net nëmmen d'Concerten ugelauschtert, mee och profitéiert deen een oder aneren internationalen Artist oder Professionellen virun de Mikro ze kréien. Nieft engem klengen Iwwerbléck a vill Musek héiert Dir ënner anerem Impressiounen an Temoignagen vum Bojan Z, Joachim Kühn an Theo de Jong sou wéi vum Bernd Zimmermann, deen iwwer d'Situatioun vum Jazz Business aus der Vue vun engem Concerts-Organisateur schwätzt.