Konferenzen
D'Lou Koster
Déi Lëtzebuergesch Komponistin Lou Koster (1889-1973) ass virun allem bekannt duerch hiren Oratorio "Der Geiger von Echternach", deen 1972 uropgefouert gouf. Si huet awer och eng ganz Rei vu kuerze Gedichter vertount, souwuel vun auslännesche wéi vu Lëtzebuergeschen Dichter: dorënner de Willy Goergen, den Nikolaus Welteran de Paul Palgen. D'Noémie Desquiotz-Sunnen (Sopran) an d'Annie Kraus (Piano) droen eng Auswiel vun dëse Lidder vir; d'Danielle Roster an d'Myriam Sunnen presentéieren d'Lou Koster als Komponistin, ganz besonnesch an hirem Rapport zur Poesie. Dëse Matschnëtt gouf den 22.5.2017 am CNL opgeholl an Zesummenaarbecht mam CID-Fraen an Gender opgeholl a vum Guy Engels verschafft.