Kultur
"Followen" als Konschtform
Sinn Iech zejoert déi 35 liewensgrouss onschaarf Silhouetten, also Printen, queesch duerch d'Stad opgefall, déi de Kënschtler Paolo Cirio op d'Fassade gepecht hat? Den Italiener hat se "Street Ghosts" gedeeft, Geeschter aus der virtueller Welt, vergréissert Google-Street-View-Passanten. Den international Kunstverein Luxembourg hat de Cirio fir eng éischt grouss Aktioun am ëffentleche Raum invitéiert. Lo lancéiert den IKL en 2. Coup, an dofir ginn nach Fräiwëlleger gesicht. D'Kerstin Thalau mat engem Opruff.