arrow_back_ios
Kultur
Expo “Displacement” vum Ann Sophie Lindström
D’Foto- a Videojournalistin Ann Sophie Lindström huet e Problem mat Stereotypen. An hiren Aarbechte portraitéiert si also Punks, déi sech zu Nord-Hannover hier eegen Heemecht “Scheiss-Egalien” opgebaut hunn, oder Schwaarzer, déi sech als Cowboys vu Philadelphia Päerd halen. De Choix huet si net bewosst geholl, dat ass einfach geschitt. D’Kerstin Thalau war am Ettelbrécker CAPE op hirer aktueller Expo “Displacement”, zur Flüchtlingsfro zu Lëtzebuerg.